De Status vum Engleschen zu Lëtzebuerg formaliséieren a verschidde Beräicher vun der Justiz a vun der Administratioun op Englesch accessibel maachen.
Ziel
Den Zweck vun dëser Pétitioun ass et d’Chamber ze froen der Englescher Sprooch ee formelle Status zu Lëtzebuerg ze ginn.
Déi aktuell Situatioun ass déi vu fragmentéierten administrative Moossnahmen déi sech just mat vereenzelten Interaktiounen zwëschen Administratioun and Administréierte befaassen.
Eiser Meenung no wäer ët wichteg dem Engleschen e spezifesche Status ze ginn: zum Beispill als „langue administrative auxiliaire“ oder „langue administrative accessoire“.
Mir proposéieren eng Modificatioun vum Gesetz vum 28. Februar 1984 iwwer de Sproochgebrauch fir d’Stellung vum Engleschen ze codifiéieren, an esou:
- eng kloer, kohärent an demokratesch Sproochepolitik ze garantéieren
- Englesch-sproochegen Awunner e stabelen a prévisibele sproochleche Kader ze schaafen
- zolidd Fundamenter fir d’Entwécklung vun der „Knowledge economy“ a vum Finanzzentrum ze leeën, well Englesch d‘international Sprooch vun der Wëssenschaft a vum Finanzsecteur ass
Kontext
Eist Land zitt Entreprisen, Start-ups, Studenten, Recherche-Instituter, Finanzinstituter an Aarbechtskraaft aus der ganzer Welt un.
Eng relativ grouss Proportioun vun dëser Bevölkerung schwätzt Englesch als éischt oder zweet Sprooch, awer maîtriséiert weder d’Nationalsprooch, nach eng vun den aneren zwou offizielle Sproochen.
Dës engleschsproocheg Awunner hunn de Moment net genuch Méiglechkeeten fir:
- Mat zentralen a lokalen Verwaltungen ze kommunizéieren
- Mat der Justiz an der Police ze kommunizéieren
- Hir Rechter a Pflichten ze kennen
- Um wirtschaftlechen an kulturelle Liewen deelzehuelen
Gläichzäiteg spillt Englesch och eng ëmmer méi grouss Roll als Sekundärsprooch an den europäeschen Institutiounen, trotz der Onsécherheet ronderem dem Départ vun dem Vereenegte Kinnekräich.
Déi englesch Sprooch unzeerkennen kéint dem Land d’Geleeënheet bidden säi Succès um sproochleche Plang ze reaffirméieren.